Opus78 - 2018  (2 of 13).jpg
Am Kader vun „Neistart Lëtzebuerg“, fir d‘Kulturszen hei am Land no der Coronakris ze relancéieren, mécht de Kulturministère en Opruff u Lëtzebuerger KomponistInnen, oder KomponistInnen déi hei am Land wunnen, fir e Stéck fir eng vun 8 Formatiounen ze schreiwen. Dëse Projet gëtt vum Ministère finanzéiert a soll Artisten ënnert d’Äerm gräifen, déi während der Kris un Akommes verluer hunn.
 
Mir freeën eis immens, datt mir als Big Band Opus 78 dierfe bei dësem Projet matmaachen, a soen dofir dem Ministère e grousse Merci.

Wien intresséiert ass, eng Kompositioun fir eis ze schreiwen, fënnt all néideg Informatiounen hei.

D’Kandidature musse bis den 1. September op appel.musique@mc.etat.lu geschéckt ginn.

With over 40 years of experience in live music, Big Band Opus 78 is the perfect partner for your next event!

Management & Booking

 

info@opus78.lu 

© 2023 by Lone Journey. Proudly created with Wix.com